Moien
a wëllkomm!
Merci, datt Dir un eiser
Ëmfro deelhëlt! Dës Etüd ass Deel vum
LuxHyVal Fuerschungsprojet, dee vun der Europäescher Unioun cofinanzéiert gëtt
a vun der Clean Hydrogen Partnership a senge Memberen ënnerstëtzt gëtt.
D'Zil vun der Ëmfro ass d'Perceptioun vum grénge Waasserstoff vun de Leit, déi zu
Lëtzebuerg wunnen, ze bewäerten. Är
Participatioun ass immens wichteg!
Am Folgende froe mir Iech,
Är perséinlech Meenung auszedrécken an dëse Questionnaire auszefëllen. De
Questionnaire wäert ongeféier 15 Minutten daueren. Iech wäerte Froen an Aussoen
iwwert de Sujet vun gréngem Waasserstoff presentéiert ginn. Dir kënnt tëscht
verschiddenen Äntwerten wielen. Et gi keng richteg oder falsch Äntwerten. Och
wann Dir et heiansdo schwéier fannt, wielt einfach d'Äntwert déi am meeschten
Ärer Meenung entsprécht.
Remarken
zum Dateschutz: Är
Donnéeë ginn anonymiséiert a sécher gespäichert, sou datt et net méiglech ass, Conclusiounen
iwwer Är perséinlech Identitéit ze zéien. All gesammelten Donnéeën a Resultater
ginn exklusiv fir wëssenschaftlech Zwecker benotzt. D'Participatioun ass fräiwëlleg.
Wien
ass Är Kontaktperson? D'Etüd gëtt vum
Institute for Future Energy and Material Flow Systems (IZES gGmbH) geleet. Wann Dir Froen oder Bemierkungen hutt, da
kontaktéiert de Jan Hildebrand um hildebrand@izes.de; +49 (0) 681 844 972 29 oder d'Mariangela
Vespa op vespa@izes.de; +49 (0) 681 844 972 33